D'Equipe
Sally RAAD
Chargée de direction vu SOLVIT Lëtzebuerg
No engem duebelen Bachelor am franséisch-däitsche Recht vun der „Universität Potsdam“, huet d’Sally en Diplom am Management vun der „Ecole Supérieure de Commerce de Paris (ESCP Business School)“ an e Master am Wirtschaftsrecht vun der „Université Paris 1 Panthéon-Sorbonne“ absolvéiert. D’Sally huet zu Paräis an zu Lëtzebuerg als Affekot geschafft bis et dunn fir den lëtzebuergeschen Finanzregulateur, geschafft. Am Abrëll 2023 huet hat sech der SOLVIT Lëtzebuerg-Equipe ugeschloss, an dréit soumat seng Kompetenzen am Sträitmanagement bäi.
FR, EN, DE
Mandy Jordao
Jurist
Passionéiert vum Recht vun da Europäescher Unioun, huet d'Mandy hiren LL.M. am Contentieux an EU-Recht op der Universitéit Lëtzebuerg ofgeschloss, wou si de Privileeg hat, e Stage am Europaparlament ze maachen. Als Member vun der SOLVIT Lëtzebuerger Equipe zënter Juni 2022, stellt si elo hiert Wëssen a Kompetenzen zur Verfügung.
FR, EN, DE, PT, LU
Louise Pascaud
Jurist
D'Louise huet e Master am Droit des affaires et de la concurrence vun der Université catholique de Lille an e Master am Europäesche Recht vum Collège d'Europe zu Bruges. D'Louise hat d’Privileeg e Stage um europäesche Geriichtshaff ze maachen an huet hir juristesch Carrière an engem Affekotecabinet zu Lëtzebuerg ugefaangen, ier si an den ëffentlechen Déngscht gewiesselt ass. Si ass säit Juli 2025 en Deel vun SOLVIT Lëtzebuerg.
FR, EN, LU, RO
Aktualiséiert den