De SOLVIT-Reseau gouf vun der EU-Kommissioun ageriicht, fir Problemer, ob déi Bierger an Entreprisen bei der Ëmsetzung vun EU-Recht stoussen, op eng amiabel Aart a Weis ze léisen. D’SOLVIT-Zentren sinn Deel vun der nationaler Verwaltung vun all EU-Memberstaat an vun den EEA-Memberstaaten. Hier Aufgab ass et, déi Demanden, déi si vun aneren europäeschen SOLVIT- Zentren, Bierger an Entreprisen erhalen, un déi zoustänneg Verwaltungen weiderzeleeden, hier Trëfftegkeet ze analyséieren an bei dem Reglement à l’amiable vun Problemer ze hëllefen.

Zu Lëtzebuerg befënnt sech den nationalen SOLVIT-Zentrum an der Direktioun fir den Marché intérieur an Konkurrenz vum Wirtschaftsministère. Des Verankerung vun den SOLVIT-Zentren an enger nationaler Verwaltung bitt privilegiéiert Hiewel fir déi betraffen ëffentlech Institutiounen unzeschwätzen an dovun ze iwwerzeegen, d’EU-Recht anzehalen.

©LFT_AlfonsoSalgueiro

Eng Plainte maachen

Och wann Dir eng Plainte ageschéckt hutt, sollt Dir ënnerhalb vun dem virgesinnen Delai en administrativen Recours bei der nationaler Verwaltung aleeden, well soss den Usproch ob dëst Recht verluer geet.

Et ass méiglech eng Plainte bei SOLVIT anzeschécken, andeems Dir en Online-Formulaire ausfëllt, deen een op dem Internetsite vun der Europäescher Kommissioun fënnt.

Formulaire ausfëllen (op DE)

Aktualiséiert