Speziell Prozedur vir Reconnaissance mutuelle
Règlement (UE) 2019/515 du Parlement européen et du Conseil du 19 mars 2019 relatif à la reconnaissance mutuelle des biens commercialisés légalement dans un autre État membre et abrogeant le règlement (CE) n° 764/2008 (nëmmen op Franséisch, Englesch oder Däitsch)
Am Joer 2019 krut SOLVIT duerch en EU-Reglement eng besonnesch Kompetenz zougeschriwwen. Fir eng besser Uwendung vum Grondsaz vun der Reconnaissance mutuelle ze erliichteren, huet d‘EU-Reglement iwwer d’Reconnaissance mutuelle vun Wueren déi rechtméisseg an engem aneren Memberstaat vermaart ginn, d‘SOLVIT-Zentren als "Arbitter" ernannt, déi verschidden Streidegkeeten tëschent Entreprisen an Verwaltungen, iwwer den fräien Wuereverkéier, léisen sollen.
Een Wuerenhiersteller kann als éischt eng "Erklärung iwwer d’Reconnaissance mutuelle" erstellen, fir der zoustänneger Verwaltung vum Bestëmmungsmemberstaat nozeweisen, dass seng Wueren an engem aneren Memberstaat rechtméisseg vermaart ginn. Wann d‘Verwaltung den Accès op den Marché refuséiert, kann sech d’Entreprise un SOLVIT wenden.
Am Kontext vun dëser Prozedur kënnen d‘SOLVIT-Zentren dann déi Europäesch Kommissioun fir een formellen juristeschen Avis froen, mat deem den Sträitfall objektivéiert an entscheet ka ginn.
Den indikativen Delai fir d‘Bearbeschtung vun esou engem SOLVIT-Fall ass dräi Méint, an wann een d’Europäesch Kommissioun em eng Stellungnam freet, gëtt d’Prozedure nach em 9 Wochen verlängert (op 5 oder 6 Méint). Dës nei Prozedur stellt eng exzellent Alternativ zu der Aleedung vun enger Geriichtsaffär duer, déi fir déi betraffen Entreprise deier an zäitopwänneg.