Unerkennung vun berufflechen Qualifikatiounen: Fahrlehrerdiplom

Nodeems hien 2017 a Portugal een Ofschloss gemaach huet an säin Beruff méi wéi 2 Joer laang ausgeüübt hat, ass een Fahrlehrer op Lëtzebuerg geplënnert an huet beim Ministère de l’Éducation nationale, de l'Enfance et de la Jeunesse (MEN) eng Demande op Unerkennung vun sengen Beruffsqualifikatiounen gemaach. Dës Unerkennung gouf him allerdéngs vum MEN refuséiert. Doropshin huet den Bierger sech bei SOLVIT Portugal gemellt, déi hirersäits Kontakt mat SOLVIT Lëtzebuerg opgeholl hunn.

Den Refus huet wéinst feelender Begrënnung géint dat lëtzebuergescht Verwaltungsprozessrecht an géint d‘Direktiv 2005/36/EG iwwer d’Unerkennung vun Beruffsqualifikatiounen verstouss, well de Beruff vum Fahrlehrer an Portugal ee reglementéierten Beruff ass. Laut dëser Direktiv kann een Demandeur d’Erlabnis kréien säin Beruff an allen EU-Memberstaaten auszeüben, soubal hien no den Rechtsfiirschrëften vun sengem Heemechtsland (Portugal) vollstänneg qualifizéiert ass fir een Beruff. Den Destinatiouns-Memberstaat kann des Unerkennung nëmmen an Ausnamefäll refuséieren.

Deemno hätt den MEN déi portugisesch an lëtzebuergesch Fahrlehrerausbildung vergläichen an d‘Beruffserfahrung vum Demandeur berécksiichtegen missen. Fir de Fall, dass d’Verwaltung feststellt, dass et wesentlech Ënnerscheeder gëtt, sollt si een Examen virschloen, fir des Differenzen auszegläichen. Wann den Verglach vun den Ausbildungen keng wesentlech Differenzen ergëtt, muss den Diplom unerkannt ginn.

No der Interventioun vun SOLVIT Lëtzebuerg war den Ministère bereet fir den Dossier vum Demandeur nei ze bewäerten an déi portugisesch an lëtzebuergesch Ausbildung ze vergläichen, fir iwwer d’Demande op Unerkennung vun den Beruffsqualifikatiounen ze entscheeden. Den Dossier gouf dohier "geléist" zougemaach, nodeems eng Decisioun vum MEN vum 25. Januar 2022 erstallt gouf, an där déi portugisesch Ausbildung vum Demandeur dem lëtzebuergeschen Diplom (DAP) vum Fahrlehrer gläichgestallt gouf.

Aktualiséiert den