Grenziwwerschreidend Besteierung: Remboursement fir eng ze vill bezuelten Akommessteier

En polneschen Staatsbierger huet zu Lëtzebuerg gewunnt an geschafft bis Mee 2019 éiert hien an Frankräich geplënnert. Nodeems hien seng lëtzebuergesch Steiererklärung fir 2019 agereecht hat, krut hien am Juli 2020 vun der Steierverwaltung (ACD) Bescheed gesot dass hien ze vill Steieren bezuelt hätt. Eng Bestëmmung vum lëtzebuergeschen Akommessteiergesetz gesäit allerdéngs vir, dass ze vill bezuelten Steieren net méi rembourséiert ginn, wann den Contribuabelen Lëtzebuerg am Laf vum Joer verléisst.

De Bierger ass dofir bei SOLVIT komm fir seng Rechter geltend ze maachen. No laangen Berodungen tëscht SOLVIT an der ACD gouf een gemeinsamen Accord fonnt an déi ze vill bezuelten Steieren zeréckbezuelt.

Aktualiséiert