Sécurité sociale: Kannergeld

Eng italienesch Staatsbiergerin mat Wunnsëtz zu Lëtzebuerg hat Kannergeld zu Lëtzebuerg ugefrot. D‘Zukunftskees (CAE) hat doropshin eng Demande un déi fir Kannergeld zoustänneg italienesch Verwaltung geschéckt, fir een Certificat de radiation ze kréien, mat deem sécher gestallt sollt ginn, dass d‘Biergerin keen Kannergeld an Italien kritt. Sie huet sech schlussendlech un SOLVIT gewannt, well déi italienesch Verwaltung sech e puer Méint laang net gemellt hat.

SOLVIT Lëtzebuerg koum zum Schluss, dass des Inaktivitéit vun der italienescher Institutioun géint de Reglement Nr. 883/2004 zur Koordinéierung vun den Sozialversécherungssystemer verstéisst, deen eng Zesummenaarbecht tëscht den zoustännegen Verwaltungen vun den Memberstaaten virgesäit an si conformément zum Prinzip de bonne administration, ob all Demande innerhalb vun engem raisonnabelen Delai ze äntweren.

Op Demande vun SOLVIT Lëtzebuerg ass SOLVIT Italien bei der zoustänneger italienescher Verwaltung intervenéiert, déi déi gefroten Dokumenter dunn un d‘CAE geschéckt huet. Doropshin konnt d’Kannergeld un d’Plaignante ausbezuelt ginn.

Aktualiséiert