Unerkennung vun berufflechen Qualifikatiounen: Berufsqualifikatiounen an Erfahrung vun engem Zëmmermann zu Lëtzebuerg unerkannt

Een kroateschen Staatsbierger, deen an Kroatien eng Ausbildung zum Zëmmermann gemaach huet an iwwer eng Beruffserfahrung fun e puer Joer an Kroatien wéi och an Lëtzebuerg verfüügt huet, konnt seng Beruffsqualifikatiounen vun der zoustänneger Verwaltung zu Lëtzebuerg net unerkennen loossen.

No der Interventioun vun SOLVIT huet den fir d’Unerkennung vun Beruffsqualifikatiounen zoustännegen Ministère, den Demandeur zu engem Gespréich agelueden, fir déi lëtzebuergesch an déi kroatesch Ausbildung ze vergläichen. Opgrond vun dësem Ré-examen gouf d’Beruffsausbildung vun dem kroateschen Zëmmermann als gläichwäerteg mam lëtzebuergeschen Diplôme d’Aptitude Professionnelle ugesinn.

Den Zëmmermann huet dofir eng nei positiv Unerkennungs-Decisioun erhalen.

Aktualiséiert