Sécurité sociale: Allocatiounen bei Aarbechtsaccidenter

Een franséischen Staatsbierger, deen zu Lëtzebuerg geschafft huet, hat 2011 een Aarbechtsaccident. Déi lëtzebuergesch „Association d’assurance accident luxembourgeoise“ (AAA) hat dem Bierger als éischt eng Rent bezuelt, déi dunn awer ab Mëtt 2013 opgrond vum Verdacht op Fraude à la sécurité sociale net méi bezuelt gouf. An der Tëschenzäit haten déi lëtzebuergesch Geriichter den Bierger no enger Plainte vun der AAA awer definitiv fräigesprach. Bis 2021 waren seng Demanden géigeniwwer vun der AAA onbeäntwert bliwwen. Aus dësem Grond huet hien sech un SOLVIT gewannt, fir Informatiounen iwwer d’Suitten vun sengem Fall ze kréien an d’Bezuelen vun senger Rent ze bewierken.

Laut dem Reglement Nr. 883/2004 zur Koordinéierung vun den Sozialversécherungssystemer mussen déi responsabel Verwaltungen Prinzip de bonne administration op all Demanden innerhalb vun engem raisonnabelen Delai äntweren.

Duerch déi exzellent Zesummenaarbecht mat der AAA konnt SOLVIT schnell erreechen dass d’Rent dem assuréierten Bierger konnt réckwierkend etabléiert ginn.

Aktualiséiert den